Camp(f) fir déng Rechter!

Hei fannt dir e puer Informatiounen iwwer den groussen Summercamp, organiséiert vun der UNEL, Queesch, Jonk Gréng, Jonk Lénk, Vegan Society Luxembourg, Animal Justice, Save Animals, Journeylist(Sokrates), u.a.

Wou?

Home St. Christophe
224, rue des 7 Arpents
Beggen, Luxembourg

 

Programm

Donnerschtes, den 08.09.2011
14 – 17 : Oprichten an Arichten (Zelter, Infodëscher,…)
17 – 18 : Virstellung vun Programm an Organisatiounen, Kennenléieren
18 – 20 : Iessen
20 – ? : Podiumsdiskussioun : « Wéieng Ausweeër aus der Kriis – Ökologie, Reform, Protest, Revolutioun? » (moderéiert vun der UNEL)

Freides, den 09.09.2011
08:00 – 09:30 : Moiesiessen
09:30 – 09:45 : Energizer Fit gin, wackreg gin! 🙂
09:45 – 11:00 : Virtrag « Politesch Kommunikatioun » (Journeylist)
11:15 – 12:30 : Virtrag « Bildung-Een ëffentlecht Gut » (UNEL)
12:30 – 14:30 : Mëttegiessen
14:30 – 16:00 : Virtrag/Workshop « Rietsextremismus an Europa » (Jonk Gréng)
16:00 – 16:30 : Paus (Optional: Aféirung an Kampftechnik)
16:30 – 18:00 : Worksshop «Sexismus am Hibléck op Herrschaftskritik, Anarchie » (Animal Justice)
18:00 – 20:00 : Iessen
20:00 – ? : Film + Diskussioun, Lagerfeier, chillen, etc

Samstes, den 10.09.2011
08:00 – 09:30 : Moiesiessen
09:30 – 09:45 : Energizer oder Introducers an den Daag
09:45 – 11:15 : Kombi-Virtrag « Factory Farming in Africa » an « Ökologischer Fußabdruck » (Save Animals)
11:30 – 12:30 : Virtrag « Internet Security » (Save Animals)
12:30 – 14:00 : Mëttegiessen
14:00 – 16:00 : Virtrag «Veganismus und das Mensch-Tier-Verhältnis » (Vegan Society Luxembourg)
16:00 – 16:30 : Paus (Optional: Energizer, Aféierung an Kampftechnik)
16:30 – 18:00 : Virtrag « Geschicht, Theorie, Aktualitéit a Perspektiven vun autonomer Politik » (Jonk Lénk)
18:00 – 20:00 : Iessen
20:00 – Open space : Beim Lagerfeier chillen, Ausklang (Instrumenter matbréngen)
Soirée Artistique → fir jiddereen deen Loscht huet matzemaan: Präsentatioun vun eegenen Essayen, Virträg, Konschtwierker, Lidder, Gedichter, philsophëschen Gedanken, revolutionären Theorien etc. 🙂

Sonndes, den 11.09.2011
09:00 – 10:00 : Moiesiessen / zesummen paacken
10:00 – 12:30 : Virtrag « Aarbeschtsmigratioun » (Queesch)
12:30 – 14:00 : Mëttegiessen
14:00 – 16:00 : Ofschlossdiskussioun: « Vernetzung an Zesummenaarbescht zwescht den Gruppen » (moderéiert vun der Queesch)

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Nee zur geplangten – wéideren – Verschärfung fum Asylrecht!

Wéi den Radio honnert,7 haut gemellt huet soll schon Mett nächster Woch eng Verschärfung fum Asylrecht fun der Chamber gestemmt gin.Schon virun e puer Joer sin d’Grondrechter fun den AsylbewerberInnen beschnidden gin an elo soll dat nach eng Kéier geschéien fir sech esou schnell wéi méiglech kennen legal fun den serbeschen Roma ze entledegen. Dest Gesetz as fum LSAP-Immigratiounsminister Schmit ereischt d’lescht Woch abruecht gin an soll schon eng Woch spéider ofgestemmt gin. Domader wir dat wuel een fun den schnellsten Gesetzer déi je géifen gestemmt gin. Den Minister well wuel schnell man fir nemmen och kéng grouss Oppositioun ze riskéieren.Ob alle Fall as dat doten eng weider Instrumentaliseierung fun MigrantInnen duerch eng amti-ziganistesch Politik. Menschen déi sech net wieren kennen hir Grondrechter ewechhuelen an hinnen een Deportatiounszentrum bauen. Genau des Politik fun der LSAP/SV Regierung wärt déi emmer méi grouss Xenophobie nach wéider schüren fir domader fun den wirklechen Problemer ofzelenken. Dat Rapporten zu den drametescher Situatioun fun den Roma an Serbien déi Amnesty présentéiert gin einfach ignoréiert gin as een Skandal an d’Verschärfung fum Asylrecht déi komplett falsch Äntwert ob den Problem fun der Diskriminéierung fun den Roma deen europawait muss gemeinsam geléist gin.

 

Keen Mensch as illegal!

Nee zur Verschärfung fum Asylrecht!

Jonk Lénk

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar